Famill Eiffes am Agility-Féiwer: Reesen, Muppen, Kanner an Agility-Concoursen
Den Andy Eiffes ass mat Agility grouss ginn, säi Papp war souguer eng Kéier Weltmeeschter ginn. Mëttlerweil ass och seng ganz Famille verréckt nom Muppesport. Si reesen zanter e puer Méint duerch verschidde Länner an huelen un Agility-Concoursen deel. Leschte Weekend sinn den Andy Eiffes an d'Bee Finnesch Agility Champions ginn.
