Permanente Beschäftegungscomité: Méi flexibel Aarbechtszäite kommen, nëmmen awer mat Kollektivverträg
Nei flexibel Aarbechtszäiten oder Aarbechtszäiten, déi un déi nei Realitéiten ugepasst sinn, wäerte mussen iwwer Kollektivverträg gereegelt ginn. Dat soll d'Basis si fir en Text, dee Mëtt Oktober nach eng Kéier mat de Sozialpartner diskutéiert soll ginn, esou den Aarbechtsminister Marc Spautz e Mëttwoch de Moien no enger Reunioun vum permanente Beschäftegungscomité.
