PISA-Etüd 2025: Score vu Schüler besonnesch am Liesen erofgaangen - Smartphone-Restriktioune solle verstäerkt ginn
De Smartphone wäert an de Lëtzebuerger Lycéeë méi staark limitéiert ginn. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch ugekënnegt, nodeems d'Resultater vun der PISA-Etüd vun 2025 bekannt goufen. Déi weisen nämlech, datt den Niveau vun de Schüler vu 15 Joer an de Naturwëssenschaften, an der Mathé, mee besonnesch am Liese weider erofgaangen ass.
