Carte blanche vum Jean Huss: Wa wuessend Ongläichheeten zu wuessende soziale Protester féieren
Zanter elo zwee Méint ginn a villen europäesch Länner - Frankräich, Belsch, Däitschland, Italien, Spuenien an och heiheem - vill Leit, grad och Jonker, reegelméisseg op d’Strooss fir ze protestéiere géint déi steigend Liewenskäschten, iwwerhéichte Bensinns- oder Heizungskäschten, mee och géint déi onsozial budgetär Austeritéits -a Spuerpoliticken a Saache soziale Wunnengsbau, Educatioun, Santé oder Kultur zu Laaschte vum Gros vun de Bevëlkerungen a virun allem de sozial Schwächsten.
