"Guichet.lu on tour": En digitale Guichet, fir de Leit méi no ze sinn
"Guichet.lu on tour" heescht den neie Bus, deen e Mëttwoch der Digitaliséierungsministesch presentéiert gouf. Vun nächster Woch u wäert den 18 Meter laange Bus queesch duerch d'Land fueren, an deem d'Leit all dat fannen, wat och am physesche Guichet an der Stad ugebuede gëtt.
