Äntwert op parlamentaresch Fro: Bis zu 3 Joer Prisong fir Klauen aus Policewon, 250 Euro Strof fir Erliichteren am ëffentleche Raum
Ugeschwat op en Incident vu virun engem Mount, bei deem e jonke Mann sech an der Ëffentlechkeet zimmlech donieft beholl huet, huet den Inneminister Gloden elo Detailer dozou matgedeelt wéi eng Strofe bléien.
