Prozessoptakt zu Dikrech: Iwwer 60 Leit wéinst illegaler Rave-Party viru Geriicht
Zu Dikrech geet en Dënschdeg de Prozess géint iwwer 60 Leit un. Si waren Enn Juli 2025 op der illegaler Rave-Party zu Hengescht a musse sech elo viru Geriicht wéinst Verstéiss géint d’Naturschutzgesetz veräntwerten. An dofir, datt se ze vill Kaméidi an Dreck gemaach hunn.
