Schrëtt fir Schrëtt: Constantin: "Wann ech d'Dier zoumaachen, sinn ech all Dag doudmidd, awer och zefridden, well ech eppes gemaach hunn."
De Constantin ass 18 Joer al an huet viru bal engem Joer säin eegene Café opgemaach. Hie selwer hat keng ganz einfach Schoulzäit an huet mat 16 Joer d'Schoul ofgebrach. D'Nuetsliewen huet hie schonn ëmmer interesséiert an nodeems hien eng Zäit a verschiddene Beräicher am Nuetsliewe geschafft huet, huet hie sech dozou entscheet säin eegene Chef ze ginn. Mam "Déieregaart" an der Stad huet hie sech een Dram erfëllt.
