Wéi vill Plaz bleift der Kultur am ëffentleche Raum?: Projet "Render public"
Wéi vill Plaz kritt d'Kultur iwwerhaapt nach am ëffentleche Raum? Déi Fro steet am Zentrum vum Projet "Rendre public" vun der Grafikdesignerin Annick Kieffer. E Projet deen aus eegen entworfene Plakater an enger Publikatioun besteet, déi alle béid d'Roll vum kulturellen Affichage thematiséieren an d'Fro stellen, wéi d'Kultur am ëffentleche Raum nees méi siichtbar ka ginn.
