Bâtiments publics no Mosar-Kritik: Mamer Schwämme "vollstänneg ausgelaascht" oder "intensiv" benotzt
Zu Mamer sinn aktuell dräi Schwämmen – Kinneksbond, Lycée Josy Barthel an Europaschoul. Dat präziséieren d’Bâtiments publics op Nofro hin, nodeems den CSV-Députéierte Laurent Mosar de leschten Donneschdeg bei eis op der Antenn de Bau vun enger fënnefter Schwemm fir den neie Sportlycée zu Mamer hannerfrot hat. Déi ass effektiv geplangt, mee wier dann déi véier Schwämm um Mamer Territoire.
