Sensibiliséierungscampagne géint Arnaquen : “Léif Boma, léiwe Bopa, loosst iech net beducksen”
Eeler Leit si besonnesch vulnerabel fir Affer vun enger Arnaque ze ginn. Ënnert dem Slogan “Léif Boma, léiwe Bopa, loosst iech net beducksen” lancéieren de Familljen- an Inneministère, esou wéi och d’Police eng Sensibiliséierungscampagne.
