Carte blanche vum Françoise Hetto: Handyverbuet: Wisou eigentlech just an de Schoulen?
Zanter engem Joer ongeféier gëllt hei am Land den Handyverbuet an de Schoule wärend dem Cours. An eisen Nopeschlänner ginn et deels esou guer nach méi strikt Reegelen. Do gëllt zum Beispill de Verbuet och wärend de Pausen. U sech alles in allem eng gutt Saach. Mee ass den Handy wierklech de Probleem, oder sinn et d’Mënsche selwer, well se net wëssen, richteg dermadder ëmzegoen?
