Konschtpräis 2026 an Ausstellung am Nationalmusée: Simone Decker gëtt fir hiert Liewenswierk ausgezeechent
De Konschtpräis 2026 geet un d'zäitgenëssesch Kënschtlerin Simone Decker fir hiert Liewenswierk. D'Artistin kritt de Präis e Mëttwoch den Owend am Nationalmusée um Fëschmaart iwwerreecht. Domat verbonnen ass och eng Ausstellung.
