Wie vertrëtt d'EU bei den Ukrain-Verhandlungen?: Luc Frieden proposéiert Antonio Costa
Zu Dublin gesi sech um Donneschdeg eng 50 Staats- a Regierungscheffen am Kader vum 9. Sommet vun der sougenannter "europäescher politescher Communautéit". Et geet eemol méi virun allem ëm d'Ukrain an de Luc Frieden reest exzeptionell net nëmme fir de Grand-Duché op d'Insel, mä vertrëtt de ganze Benelux.
