Präparatioune fir d'Winterlights: Chrëschtbam an der Stad Lëtzebuerg ukomm
Schonn Enn Oktober fänkt d'Stad Lëtzebuerg un, sech op de Wantermaart virzebereeden. An der Stad Lëtzebuerg gi 16 Beem opgeriicht. Dëse Samschdeg ass de Chrëschtbam op der Place d'Armes ukomm. Déi 15 Meter héich Dänn kënnt aus Däitschland bei Bonn an ass 35 Joer al.
