Vun de Kelte bis bei de grujelege Kalbass: "Trick or Treat?": Halloween huet och zu Lëtzebuerg seng fest Plaz fonnt
Grujeleg Verkleedungen, ausgehielegt Kalbassen (respektiv "Kürbissen") a Kanner, déi mat der Fro "Trick or Treat?" Séissegkeete virun der Hausdier verlaangen: Den 31. Oktober steet och zu Lëtzebuerg ëmmer méi am Zeechen vun Halloween an ass och bei ville Leit mëttlerweil e festen Datum am Kalenner. Wat vu ville Leit, deels zu Recht, als en importéierten Trend aus den USA bezeechent gëtt, huet a sech seng eigentlech Wuerzelen an Europa an eng Dausende Joren al Geschicht.
