Tripartite-Suivi: Wéi geet et weider punkto Energiehëllefen?
Op iergendeng Aart a Weis wäerten d'Energiehëllefen iwwer d'Enn vum Joer eraus verlängert ginn, dat sot de Premier Luc Frieden lescht Woch, nodeem hien un der Suivi-Reunioun vun der Tripartite deelgeholl huet. D'Fro, déi awer aktuell am Raum steet, ass eng ganz einfach: A wéi enger Form geet et da mat den Hëllefe weider a wéi wäerten déi ausgesinn?
