Comité de suivi du logement vun der Tripartite: Keng Mesuren decidéiert, mee “gutt nogelauschtert”
Zweemol d'Joer sollt d'Regierung sech mat de Sozialpartner zesummesetzen, fir e strukturéierten Dialog iwwert de Logement. Haut war déi éischt Reunioun, nodeems de Rendez-vous e puer Mol verréckelt gouf – wéi wann et keng Urgence géing ginn.
