Gault & Millau 2027: Ryodo Kajiwara fir eng zweete Kéier Lëtzebuerger Kach vum Joer
De Gastronomieguide Gault & Millau Luxembourg huet seng Gewënner fir d'Joer 2027 bekannt ginn. De japanesche Kach Ryodo Kajiwara, Chef vum Restaurant Ryodo, konnt sech fënnef Joer no senger éischter Auszeechnung elo fir eng zweete Kéier den Titel vum Lëtzebuerger Kach vum Joer sécheren. Den Titel vum "Jeune chef de l'année" geet un de Kim de Dood aus dem Lys an der Villa Pétrusse.
