Luxembourg House of Cybersecurity: Probleem vun der PHP-Sécherheetslacune wier "relativ grouss"
Et sinn zwou Sécherheetslacunnen, déi bekannt goufen, ier den Update, e sougenannte Patch, do war, dee se schléisst. Esou erkläert de Pascal Steichen, Direkter vum Luxembourg House of Cybersecurity, wat e Mëttwoch geschitt ass.
