Weider Protestaktioune scho geplangt: Dausende jonk Leit demonstréieren a Griichenland
An der griichescher Haaptstad Athen sinn e Mëttwoch Dausende Schüler, Studenten a Léierpersounen op d'Strooss gaangen. Si fuerdere méi Investitiounen an den ëffentleche Bildungssecteur, besser Schoulgebaier a méi Personal.
