Nei international Schoul zu Munneref: Chamber gëtt gréng Luucht fir Campus vu méi wéi 210 Milliounen Euro
D'Investitioune belafe sech op 210,6 Milliounen Euro. Wann déi administrativ an technesch Prozeduren no Plang verlafen, kéinten d'Aarbechten Enn 2027 ufänken. Déi éischt Schüler sollen da fir d'Schoulrentrée 2031/32 an den neie Campus plënneren.
