Korrespondenz vun Ottawa: De Parti Québécois ass zeréck un der Muecht
Am Québec kënnt et zu engem politesche Wiessel. De souveränistesche Parti Québécois huet d'Provënzwale gewonnen a kënnt no méi wéi engem Joerzéngt an der Oppositioun zeréck un d'Muecht. Fir eng absolut Majoritéit ass et awer net duergaangen.
