Trotz Drock bleift de Claude Meisch dobäi: Geplangten Amortissement acceleré vu 6% fält vu 600.000 Euro Baukäschten un ewech
D’Regierung hat am Juli ugekënnegt, datt se en neien Amortissement acceleré - e steierleche Virdeel beim Investissement an de Locatif - géing aféiere vu 6%. Allerdéngs nëmmen, wann de Bau ënnert 600.000 Euro ass, soss géing den Amortissement op 2% falen.
