Zanter e Mëttwoch zou: Policekommissariat Gare-Hollerech plënnert temporär op Place de la Gare
Well d'Policekommissariat Gare-Hollerech, dat aktuell an der Rue Glesener ass, Enn 2028, Ufank 2029 an d'Rue du Fort Wedell plënnere wäert a well déi aktuell Raimlechkeete kuerzfristeg fir aner Zwecker gebraucht ginn, plënnert dat Kommissariat elo schonn temporär op d'Place de la Gare.
