Wann d'VEFA zu engem Albdram gëtt: Siwe Joer op en Appartement waarden
Verspéidungen, onprofessionell Aarbechten a virzäiteg Rechnungen: Wat dem Alejandro Marx säi Liewensprojet hätt solle sinn, ass fir hien zu engem Albdram ginn. Den 30 Joer ale Mann huet 2019 e Verkafskontrakt ënnerschriwwen a waart bis haut nach drop, fir op Esch ze plënneren, an en Studio, dee schonn 2021 fäerdeg hätt solle sinn.
