De Commentaire vum Maxime Gillen: Dem Westen deet d’Réckgrat wéi
D‘Ukrain lieft elo scho méi wéi 4 Joer am Krich. Dat si méi wéi 1.600 Deeg. An där Zäit huet de russesche President Vladimir Putin keen eenzege glafwierdegen Effort gemaach, dee Krich erëm op en Enn ze bréngen. D‘Reaktioun aus dem Westen op dës Aggressioun war bis elo zimmlech kloer. Ma déi schéngt sech ze veränneren. E Commentaire vum Maxime Gillen.
