Vum 15. bis 18. Oktober an der Coque: Angelique Kerber, Yanina Wickmayer a Monica Puig beim Luxembourg Ladies Tennis Masters mat dobäi
An zwou Woche gëtt de Luxembourg Ladies Tennis Masters fir eng weider Kéier an der Coque gespillt. Mat dobäi ass dëst Joer op en neits d'Angelique Kerber, dat zejoert gewanne konnt a säin Titel elo verdeedege wëll. Nieft den héichklassege Matcher um Terrain ginn awer och nach aner Evenementer ronderëm organiséiert.
