Lescht Etapp a Frankräich: Zu Metz stellt de Poopst Fridden an d'Zukunft vun Europa an de Mëttelpunkt
Mat engem Appell fir Fridden, Dialog an e gëeent Europa huet de Poopst Leo XIV. e Méindeg seng Frankräichrees zu Metz ofgeschloss. De franséische President Emmanuel Macron an eng Rei politesch Vertrieder aus den Nopeschlänner waren dobäi. Metz war no Paräis a Lourdes déi drëtt a lescht Etapp vun der véier Deeg laanger apostolescher Rees vum Leo XIV. a Frankräich.
