Vun der klenger Buslinn zum Transport-Imperium: "Transport Fever 3" am Test
Eng Buslinn, eng Eisebunn, e puer Camionen. Wat am Ufank nach no enger klenger Transportfirma ausgesäit, kann an "Transport Fever 3" séier zu engem risegen Netzwierk aus Stroossen, Schinnen, Schëffs- a Fluchhäfe eruwuessen. De Prinzip ass bekannt, mee Urban Games huet bei der drëtter Editioun un e puer wichtege Schrauwe gedréint.
