Portrait Robert Schuman: Wéi e Jong aus Clausen d'Geschicht vun Europa verännert huet
De Robert Schuman gëllt als ee vun de Grënnungspappe vun der Europäescher Unioun. Manner bekannt ass awer, wéi staark seng Wuerzelen zu Lëtzebuerg waren. Seng Kandheet a Clausen, säi lëtzebuergescht Ëmfeld an déi enk Bezéiung zu senger Mamm hunn de Mann gepräägt, dee spéider mat sengem Europa-Projet Geschicht schreiwe sollt.
