WorldSkills 2026 zu Shanghai: "Et ass wichteg fir ze weisen, dass d'Beruffsausbildung keen zweete Choix ass"
All zwee Joer ginn d'WorldSkills organiséiert, dës Kéier zu Shanghai. Och 6 Lëtzebuerger sinn dobäi an trieden a verschiddenen Disziplinne géint Professioneller aus hire Beräicher un. E Mëttwoch geet d'Competitioun un, en Dënschdeg war d'Erëffnungszeremonie.
